VERANSTALTUNG / ACTIVITÉS
D'Gemenge Käerjeng a Kéinzig,
D’Emweltkommissioune vu Käerjeng a Kéinzig
an de SICONA-Westen
invitéieren Iech häerzlech op eng
Wëllkraiderexcursioun
e Samschdeg, de 30. Abrëll 2011
Rdv. um 14.30 Auer beim Waasserbaséng op der Strooss tëschent Kéinzig a Käerjeng (CR 110)
Iwwerall dobaussen an der fräier Landschaft, op an an de Wisen, um Weerand oder am Bësch, fanne mir eng spezifesch Vegetatioun déi op hire Standuert ugepasst ass. Vill vun deene Planzenarten kann een als Wëllkraider an der Kichen oder als Heelplanz notzen. Mir stellen iech op dëser Exkursioun dës Planze fir. Ënnert der Uleedung vun enger Kraiderspezialistin, gitt dir villes iwwer d'Verwennung vu Wëllkraider gewuer a kritt och di entspriechend Rezepter. Den Tour dauert ongeféier 2 Stonnen.
Les Communes de Bascharage et Clemency,
les Commissions de l’Environnement de Bascharage et Clemency
et le Sicona-Ouest
vous invitent cordialement à leur
Excursion aux herbes sauvages
samedi, le 30 avril 2011
Rdv. 14 h 30 près du réservoir d’eau le long de la route de Clemency à Bascharage (CR 110)
Partout dans les habitats naturels, que ce soient prairies, bords de chemins ou forêts, on trouve une végétation bien particulière, adaptée à l'habitat spécifique. Parmi ces espèces nombreuses, on en trouve une bonne partie qui présente un intérêt culinaire ou médicinal. Au cours de cette promenade vous allez découvrir ces plantes. La visite sera guidée par une spécialiste en herbes sauvages qui vous présentera l'utilisation de ces herbes et vous remettra des recettes savoureuses. La promenade durera environ 2 h. et se fera en luxembourgeois.
Dëse Projet gëtt vum Nohaltegkeetsministère ënnerstëtzt

