drucken/ imprimer
 

VERANSTALTUNG / ACTIVITÉS

D'Gemeng Schieren,
d'Emweltkommissioun vun der Gemeng Schieren
an de SICONA-Centre

invitéieren Iech häerzlech op hir

Champignons-Excursion

e Sonndeg, de 2. Oktober 2011

Rdv. um 14.30 um CR 347 vu Schieren no Steeën, un der Ofzweigung vum
1. goudronnéierte Wee no lénks aus Richtung Schieren

Elo am Hierscht spréissen erëm iwwerall Champignonen aus dem Buedem, op Holz an op villen anere Plazen. Des interessant Grupp, déi biologesch en eegent Räich bild, also weder zu den Déieren nach de Planze gehéiert, huet eng riseg Vilfalt vu Formen entwéckelt. Ee klengen Deel dovunner ass als iessbar Pilzer bekannt.

Op dëser Excursioun léiert dir en Deel vun dësen iessbare Champignone kennen, mä dir begéint och vill spannend an eegenaarteg Arten, déi net iessbar sinn, mee déi iech eng Iddi iwwert de Räichtum vun dëser spezieller Grupp ginn. D'Excursioun dauert ca. 2,5 Stonnen a gëtt op däitsch gefouert. Mellt Iech w.e.g. fir den Tour un um 26303625 oder per mail op yvette.grethen@sicona.lu: D’Zuel vun de Participanten as op 25 limitéiert. Merci

 

Les Communes de Schieren,
 la Commission de l'Environnement de la commune de Schieren
 et le Sicona-Centre

vous invitent cordialement à leur

Excursion aux champignons

dimanche, le 2 octobre 2011
Rdv. 14h30 au CR 347 de Schieren à Stegen à la jonction du premier chemin asphalté à partir de Schieren

Voilà l'automne et on retrouve partout des champignons. Ce groupe intéressant, qui forme un règne biologique particulier - et qui n'est donc ni animal ni plante- a développé une richesse extraordinaire. De nombreuses espèces sont bien connues comme champignons comestibles.

Au cours de cette excursion, vous aurez des informations sur les espèces comestibles. Mais en même temps vous allez découvrir des espèces intéressantes et étranges non comestibles qui vous donneront une idée des formes diverses de ce groupe spécial. La durée de l'excursion sera d'environ 2,5 h et le guidage se fera en allemand. Veuillez réserver vos places pour l’excursion au tél. 26303625 ou par mail au yvette.grethen@sicona.lu. Le nombre de participants est limité à 25. Merci!

 

Dëse Projet gëtt vum Nohaltegkeetsministère ënnerstëtzt